
Sportshal: Kleng Kënschtler um Wierk
19.12.2024Eis Kënschtler ware rëm ganz fläisseg a haten zum Thema Wanter a Chrëschtdag rëm vill Iddien.
Bei dem Schmuddelwieder wou mer am Moment hunn si d’Kanner besonnesch motivéiert fir kreativ ze ginn. D’Kanner haten eng enorm Freed fir ze molen an hunn sech richteg ausgetoobt. Hier Motiver hunn se sech selwer ausgesicht. Sie hunn och entscheet wat fir eng Techniken a Faarwen se benotze wëllen. Wie e gesäit, ginn se ëmmer besser a se kenne stolz ob hier Wierker sinn.
» Fotoen