
Al Gemeng : Eisen neie Wierkraum am SEA Al Gemeng
21.01.2019De Grupp vum Stärenhaus krut een neie Raum bai; ee Wierkraum.
Am Verlaf vum 1. Trimester hun d'Kanner zesumme mat hieren Educateur'en een neien Atelier ageriicht mat Wierkbänk an allerlee Geschier. Fir alles kennen ze stockéieren hunn d'Kanner gehollef fir ee grousst Regal ze bauen. Enner Uleedung vum Personal konnten si selwer mat de Machinne schaffen a léieren wéi ee richteg domat emgeet. D'Resultat ka sech weise loossen an d'Kanner si stolz op hier gudd Aarbecht.
» Fotoen