
Sonnepavillon: Filmnomëtteg am Jugendhaus mat selwergemaache Popcorn
09.12.2025Fir de Kanner eng Ofwiesslung vum Alldag ze bidden, verbrénge mir och gär e gemittleche Mëtteg am Jugendhaus, wou mir eise Popcorn selwer maachen an zesummen e Film kucken.
All zwou Woche besiche mir zesumme mat de Kanner aus dem Cycle 3 a 4 d’Jugendhaus zu Beetebuerg. D’Kanner maachen do als éischt hir Hausaufgaben, éier mir mat den Aktivitéite starten.
Beim éischte Besuch hunn d’Kanner selwer Iddien opgeschriwwen a zukünfteg Wënsch vun Aktivitéite geäussert . An Kooperatioun mam Team vum Jugendhaus probéiere mir dës Wënsch esou gutt wéi méiglech ëmzesetzen. Beispillsweis schnëtze mir Kürbissen, maachen e Graffiti-Atelier, baken zesummen an nach vill aner flott Atelier’en.
» Fotoen