
Reebou: Wou mir zesummen am Takt sinn
05.10.2026Mat vill Freed treffen sech d' Kanner aus dem Cycle 3 iwwert d'Mëttesstonn fir zesummen op verschiddenen Instrumenter ze spillen a flott Melodien ze schafen.
All Kand ass fir eng bestëmmten Nout vum XXL-Xylophon oder Boomwhackers zoustänneg. Dat bedeit, datt d'Museksstéck nëmmen da gutt kléngt, wann all Kand matmécht. Sou léieren d'Kanner openeen ze lauschteren, zesummen ze schaffen an Verantwortung fir hir eege Roll an der Grupp z'iwwerhuelen. Nieft dem Spaass um Musekéieren stäerke si esou och hiren Teamgeescht an hiert Selbstvertrauen.
» Fotoen