
Al Gemeng : Uebst mol aaneschters
22.10.2018Eng flott Art a Weis fir Uebst z'iessen sin Uebstspiesser déi ee selwer mecht.
Wéi mecht een een Uebstspiess?
Fir d'éicht fiert ee mat enger ganzer Hickecht Kanner ob de staater Maart a keeft esou vill verschidden Uebstzorten wéi et engem gefällt: Banannen, Hambier, Äppel, Drauwen, Schwaartbuer, Kiischten,...
Rem am SEA ukomm gëtt alles op een Desch geluecht an kleng geschnidden. D'Kanner konnten sech dunn hier Spiesser no Loscht a Laun selwer zesumme setzen an haaten och vill Spaass dobäi.
Gudden Appetit a vill Freed beim Nomaachen.
» Fotoen