
Al Gemeng : Mat gespëtzten Oueren duerch de Bësch
22.05.2023D'Kanner ware begeeschtert vum Lauschter-Wanderwee zu Diddeleng
Dese Wanderwee huet et a sech. Um Départ vum Wee kann ee sech iwwert ee OR-Code d'Geschicht vum Wanderwee eroflueden.
D'Kanner hu sech vun enger verzauberter Prinzessin, enger komescher Schlang an enger Kuel déi sech an ee Steck Gold verwandelt huet duerch de Bësch leede geloos.
Mat Spannung hun d'Kanner nogelauschtert.
» Fotoen
» www.visitluxembourg.com/de/tour/hoer-und-wanderweg-lauschter-wanderwee-butschebuerg-1