passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Sonnepavillon : Vum Bongert op den Dësch

14.11.2023

Voller Virfreed verwäerten d’ Kanner Äppel a Bieren, déi si selwer oprafen waren.



Aus den Äppel a Biren, wou mir mat de Kanner an de Bongert “Altenhoven” zu Beetebuerg op rafen waren, hunn d’ Kanner Kompott a Jus gemaach.

Dofir hunn si an enger éischter Phase d’ Äppel an d’ Biren geschielt an d’ Uebst a kleng Stécker geschnidden. D’ Stécker hunn si dunn an engem Dëppen zu Kompott kachen gelooss.

Fir Gebrauch vun den ganzen Äppel a Biren ze maachen hu mir och d’ Schuelen verwäert an dorauser Jus gekacht.

Gutt geschmaacht huet et de Kanner.




» Fotoen