
Sonnepavillon : Den Gaart gëtt preparéiert
28.02.2022Mir maachen eis Hochbeeter prett fir d’ Fréijoer.
Dofir war eng Éducatrice Päerdsäppel sichen, fir ze düngen. D’ Kanner hunn gehollef d’ Mëscht vum Parking bis hannen an eisen Gaart ze droen. Do ass d’ Mëscht an d’ Hochbeeter gekippt ginn.
Een Kand huet erkläert, dass een d’ Mëscht brauch fir dass eist Geméis gutt wiisst. D’ Kanner hunn alles am Beet verdeelt. Wéi mer fäerdeg waren, hunn d’ Kanner nach den Rosmarin an den Salbei gericht, deen mär nach am Gaart haten.
» Fotoen