passer au contenu principal passer au menu principal Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Reebou: Op Entdeckungsrees duerch déi digital Welt

09.03.2026

Am Februar haten eis Kanner d’Chance, um DigiRallye deelzehuelen - engem spannenden an interaktiven Event vu BEE SECURE, dat am Kader vum Safer Internet Day 2026 organiséiert gouf. Dobäi hunn si op spilleresch an altersgerecht Manéier entdeckt, wéi een sech sécher, respektvoll a bewosst am Internet beweegt.


Op de verschiddene Statiounen hunn d’Kanner spilleresch geléiert, wéi een den Internet sécher a gezielt notzt.
D’Erfarung war flott an huet hinnen wichteg Kompetenzen fir den digitalen Alldag matginn: eng Realitéit déi net méi ewech ze denken ass.



» Fotoen