passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Sportshal: Sushi

27.02.2025

Eise Kach Xavier koum bei eis an huet de Kanner e klenge Wonsch erfëllt. Hien huet hinne gewise wéi Sushi hiergestallt gëtt.



Di gekachten Zutaten (Fësch a Räis) huet de Xavier scho prett matbruecht, d’Geméis hunn d‘Kanner selwer geschnidden. De Xavier konnt hinne vill iwwert de Sushi erziele well hie selwer an engem Sushi Restaurant geschafft huet. Mat Gedold huet en de Kanner gewise wei se fir déischt de Räis an dann de Fësch a Geméis verdeele mussen ier dat ganzt zesumme gerullt gëtt. Di fäerdeg Rull gouf du nach a Scheiwe geschnidden a fäerdeg war de Sushi deen de Kanner och gutt geschmaacht huet.




» Fotoen