passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Sonnepavillon: Salz Biller

09.09.2025

D ‘Kanner hunn hirer Fantasie freie Laf gelooss, an hunn hier eege Salz Biller kreéiert. Egal ob selwer gezeechent oder geprint ass all eenzelt Bild zu engem individuelle Konschtwierk ginn.



Wat se dofir benotzt hunn?

• E Blat (am beschten ass dee bësse méi decke Pabeier)

• Eng Faarf, Bläistëft, Bic…

• flëssege Päsch

• Salz

• Waasserfaarwe mat engem Becher Waasser

• Pinselen

Dat war et schonn… Wéi mir virgaange sinn?

Stepp 1.

D ‘Kanner hunn sech e Blat ausgesicht, dobäi war et egal, ob et e wäisst, e faarwegt oder e geprintent Blat war.

Stepp 2.

Déi Kanner wou e Blat ouni Motiv haten, hunn sech eppes ausgeduecht, an dat ob d ‘Blat gemoolt.

Stepp 3.

Wann d ‘Kand säi gewënschte Motiv um Blat hat, huet et all seng Linnen dënn mam flëssegem Päsch nogezunn.

Stepp 4.

D ‘Salz gëtt uschléissend iwwerall um Päsch verdeelt, sou dass alles gutt bedeckt ass. Kuerz waarden, an da kann en dat iwwerschëssegt Salz rëm zréck maachen.

Stepp 5.

Wann d ’Salz ugedréchent ass (wat zimmlech schnell geet) dann hellt en seng Waasserfaarwen, mécht de Pinsel gutt naass, zappt en eng Kéier kuerz an déi Faarf wou e gären hätt (Et soll ëmmer méi Waasser, wéi Faarf um Pinsel sinn), an dann hält een et ganz ouni Drock widdert d ‘Salz, a scho kann een nokucken, wéi d ’Faarf d ’Salz erop klemmt.

Voilà an sou schnell huet en op eng aner Aart a Weis Mobiller kreéiert.

Vill Spaass beim nomaachen




» Fotoen