
Vakanzaktivitéiten 2024 Cycles 1 + 2 + 3
14.08.2024Mir waren mat de Kanner vun de Cyclen 1,2 an 3 ob Woltz an de Kannermusée Plomm.
D’Kanner waren begeeschtert vun der Rees dei si gemaach hunn an d’Land vun der Léift an vun der Frendschaft. Si hunn ennerwee gekuckt ob hiert Haerz och geing gudd a fest schloen, si hunn missten en extraen Zuch huelen, deen si an dei nei Welt bruecht huet an si hunn an engem extraen Raum entdeckt, dass si alleguer voller Léift an Frendschaft sinn an dei kennen un aner Léit weider ginn. Och dee groussen Bam an seng Geschicht konnten Kanner entdecken. Bis ganz erop an seng Spetzt konnten sie klotteren an dobai ennerwee flott Atelieren maachen an Geschichten lauschteren. Den Bam war och eng flott Platz fir Verstopjes ze spillen. Zum Schluss sinn Kanner dann bei enger Dramrees bessen zur Rouh komm an sie sinn lues an lues nees an déi richteg Welt zréck komm.
» Fotoen