passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Sonnepavillon : Mir fierwen Ouschtereeër

07.04.2025

Hutt dir schonn eemol Ouschtereeër mat Räis gefierft?



An der Mëttesstonn hu mir dës flott Technik ausprobéiert. Als alleréischt hu mir d’ Eeër gekacht. Eng handvoll Räis hu mir dunn an eng kleng Plastikstut gemaach. Duerno hu mir e puer Drëpsen Liewensmëttelfaarf dobäi gemaach. Dunn koum ee gekachtent Ee an d’ Tut, déi doropshin zougemaach an kräfteg gerëselt gouf. D’ Kanner hunn et super witzeg fonnt ze gesinn wéi d’ Faarf sech iwwerall um Ee verdeelt huet.

Nodeems d’ Ee fäerdeg gefierft war, hu mir dëst mat engem Läffel aus der Tut geholl an op Kiche Pabeier geluet, fir et dréchnen ze loossen.

Jiddereen vun eis huet ee ganz eenzegaartegt Ee gemaach, e puer Eeër ware richteg faarweg, anerer haten cool Musteren.

Mir wënschen iech schéin Ouschteren.




» Fotoen