
Reebou: Mir kruten Besuch vum Bee Secure an dem Cycle 3 vun der Reebou Schoul
30.10.2023D’ Ziel vun BEE SECURE ass et, Kanner a Jugendlecher an och hiert Ëmfeld op en bewossten an verantwortungsvollen Ëmgang mat der moderner digitaler Technologie ze sensibiliséieren.
Eng flott Zesummenaarbecht tëschent SEA an Schoul: de SEA Reebou huet zesummen mat Bee Secure Atelieren ugebueden un deenen de Cycle 3 vun der Reebouschoul Donneschdes Mueres deel geholl huet. An dësen Atelieren kruten d’ Kanner interaktiv Tools gewisen fir mei sécher um Internet ënnerwee ze sinn a konnten verschidden Saachen direkt testen.
» Fotoen