passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Sportshal: Blummebiller

19.06.2025

Mir waren haut raus an d’Natur an hunn eis op Sich no Blumme gemaach fir dorausser Biller ze maachen.



Ier mer eis op de Wee gemaach hu, goufe Vasen op e stabilt Stéck Kartong gezeechent. D’Kanner hunn sech ameséiert hire Vase verschidde Formen a Musteren ze ginn. Mat dem gutt preparéiertem Kartong ass et da raus gaangen. Wann d’Kanner eng Blumm fonnt hunn déi hinne gefall huet gouf se duerch de Kartong gestach sou dass d’Vase gefëllt gouf. Et si just souvill Blumme gepléckt gi wei och gebraucht goufen an d’Kanner hunn hier Biller owes ganz houfreg mat heem geholl.




» Fotoen