passer au contenu principal passer au menu principal Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Cycle 4 Vakanzaktivitéiten 2026

11.08.2026

Zwee flott Deeg an der Natur fir de Cycle 4



Déi geplangte Bëschwoch vum Cycle 4 huet leider aus Sécherheetsgrënn missen ofgesot ginn. Mee et war séier en alternativen Programm fonnt, an esou hunn d’Kanner zwee flott an ofwiesslungsräich Deeg am Naturschutzgebitt „Bongert Altenhoven“ zu Beetebuerg verbruecht.

Den éischten Dag stoung ganz am Zeeche vum gemeinsamen Erliewen an der Natur. D’Kanner hu Gesellschaftsspiller gespillt, eng kleng Promenade duerch d’Natur gemaach a sech bei gemeinsame Gespréicher am Grupp ausgetosch. Natierlech dierft och e gemittleche Picknick am Schiet bei de waarmen Temperaturen net feelen.

Den zweeten Dag goung et nees an de Bongert. Dës Kéier huet SICONA verschidden Aktivitéite fir d’Kanner organiséiert, bei deenen si d’Natur op eng spannend a spilleresch Manéier entdecke konnten. Donieft war och Zäit, fir d’Ëmgéigend selwer z’erfuerschen a gemeinsam Fussball ze spillen.




» Fotoen