
Sonnepavillon : Mär maachen Kniddelen
16.02.2021Vill Spaass beim Nokachen :-)
Fir 4 Leit brauch een:
500g wäisst Miel
4 Eeër
150ml Mëllech
100ml Waasser
200g Speck ( optional )
500ml Rahm
(Foto 1)
1 Schossel
1 Wo
1 Moossbecher
1 Schnéibiesem
1 Schossel
1 Kachdëppen
1 Pan
(Foto 2)
-D’ Kachdëppen mat Waasser fëllen an et op d’ Kachplaque stellen. D’ Waasser zum Spruddelen bréngen.
-Elo huelen mär eis Schossel an d’ Wo. Mär wéien 500g Miel of. (Foto 3)
-Duerno maachen mär d’ Eeër dobäi. (Foto 4)
-Dann maachen mär 150ml Mëllech dobäi a vermëschen alles. Nach 100ml Waasser dobäi schëdden. Den Deeg soll déckflësseg sinn. (Foto 5+6)
-Zum Schluss 1 Prise Salz dobäi. (Foto 8)
-Lo schneiden mär de Speck a kleng Stécker. Et kann een awer och de Speck kafen deen schonn kleng geschnidden ass. (Foto 9)
- Wann d’ Waasser kacht dann huelen mär zwee Zoppeläffelen. Mat engem Zoppeläffel huelen mär e bëssen Deeg aus der Schossel an mat dem aneren drécken mär den Deeg lues an dat kachend Waasser. (Foto 10)
- Kniddelen sinn fäerdeg wann se uewen um Waasser schwammen. (Foto 11)
-Mär huelen d’ Kniddelen eraus a maachen se an eis Schossel.
-Während deem broden mär de Speck an der Pan un. Wann de Speck gebroden ass, schëdden mär d’ Rahm dobäi a loossen dat ganzt e puer Minutten opkachen. Dann schëdde mär d’ Rahmsauce iwwert eis Kniddelen. Et Voilà fäerdeg sinn eis Kniddelen (Foto 12 + 13)
Ee gudden Appetit
Mir freeën eis op är Fotoen. Dir kënnt eis déi op sea.sonnepavillon@bettembourg.lu eraschécken.
Falls dir aner Rezepter mat ären Kanner baakt oder kacht, géifen mir eis och iwwert dës Fotoen mat Rezept freeën. Vläit kéint jo dann en Kachbuch entsoen.
» Fotoen