passer au contenu principal passer au menu principal Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Cycle 2 Vakanzaktivitéiten 2026

05.08.2026

Vill Spaass op der neier Spillplatz am Mereler Park



De Cycle 2 huet de Mëtteg am Mereler Park verbruecht an dobäi déi nei Spillplatz entdeckt, déi viru kuerzem seng Dieren opgemaach huet.

Bei de waarme Summertemperature konnten d’Kanner sech net nëmmen ausgibeg austoben, mee sech och bei de Waasserspiller erfrëschen. Mat vill Freed hu si déi verschidde Spillméiglechkeeten ausprobéiert, geklommen, gerutscht a gemeinsam eng flott Zäit verbruecht.

De Besuch op der néier Spillplatz war eng gelongen Ofwiesslung am Kader vun de Vakanzaktivitéiten a huet fir vill Laachen, Beweegung a schéin Erënnerunge gesuergt.




» Fotoen