passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Sonnepavillon: Trounwiessel

03.10.2025

Zum Trounwiessel haten d’ Kanner an eisem Konstruktioun-Raum d’ Méiglechkeet d’ Kroun um Lëtzebuerger Fändel mat Bausteng hirer Wal nozeleeën.



De Fändel war am Virfeld mat Pabeier zesummegeluecht, mat Päsch fixéiert ginn an d’ Kroun ass mam Bläistëft dezent um Pabeier agezeechent ginn.

E puer vun eise klengen Architekten hunn de Fändel erkannt an hunn direkt lass geluecht. Anerer hu fir d’ Éischt wollte wësse wat dat wier wat do um Buedem léich. An nach anerer konnte genee soen, dass eise Grand Duc haut géif wiesselen: “de Pappa gëtt seng Aarbecht u séin Kand”.

Et huet de Kanner Spaass gemaach an d’ Kroun ass d’ ganz Mëttesstonn iwwer méi wéi 1 mol nei geluecht ginn.

Bléift just nach ze soen:

Mir wënschen dem Grand-Duc Guillaume alles Guddes a sengem neien Amt.




» Fotoen