
Sonnepavillon : Op Entdeckungsrees
19.05.2021Mir sinn mat den Kanner op Entdeckungsrees ronderëm de Näerzenger Weier gaangen.
Hei konnten mir vill flott Saachen aus der Natur gesinn, héieren an beobachten.
Mir hunn och di eng oder aner Recherche am Internet gemaach fir z.B. ze wëssen wéi eng bestëmmten Planz heescht. Kreativ waren mir och: aus all méiglechem Material wat mir fonnt hunn, sinn flott Biller um Buedem entstaanen. Gepicknickt hu mir natierlech och an der schéiner Näerzenger Natur.
» Fotoen