passer au contenu principal passer au menu principal Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Al Gemeng : Weis mir dai Beetebuerg

08.02.2021

Sait kuerzem huet d'Carolina bei eis ugefange mat schaffen. Fir dass hatt Beetebuerg besser kenneléiert, huet hatt d'Kanner gefroot fir him e puer flott Plazen ze weisen déi si zu Beetebuerg cool fannen.

Ee ganzen Nometten konnten d'Kanner fir d'Carolina de Guide spillen an hun him Beetebuerg gewisen. Fir d'éicht si si mat him iwwert d'Gare bis an de Jacquinot-Park getrëppelt fir him déi grouss Spillplaz ze weisen an dee schéine Weier mat der Waasserfontaine.
Dono hu si him nach de Wee bis bei d'Sporthal gewisen wou och de flotte Mini-Stade ass.
Duerch de Schlasspark mat sengem Labyrinth gung et dun nees zreck bis an d'Al Gemeng.


» Fotoen