passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Al Gemeng : Loftakrobatik

29.04.2019

Am Kader vum Zirkusprojet war nirwent dem Jongléieren, dem Eerad-Fueren an dem Diablo-Spillen des Kéier Loftakrobatik un der Reih.

Dofir sin d'Kanner aus dem grousse Grupp an d'Sportshal gang fir op den Trapezer Loftakrobatik ze üben.
Fir d'éicht hu si mol e bessen geübt fir e puer Figuren aleng auszeprobéieren. Dono hu si sech och getraut fir zu e puer op engem Trapez Figuren an Übungen ze machen.
Des flott an ofwiesselungsraich Aktivitéit huet de Kanner vill Spaass gemaach. 


» Fotoen