
Al Gemeng : D'Sëcherheet op der Strooss ass ee ganzt wichtegt Thema
02.10.2023D'Schoulrentrée ass eng grouss Geschicht fir déi kleng Debessen aus dem Cycle 1.
Bei deem ganzen Hin- an Hier ass et fir d'Kanner oft schwéier fir den Ennerscheed ze machen wou een dierf spillen an Domheete machen a wéini et wichteg ass fir sech op de Stroosseverkéier ze konzentréieren.
Als Fousgänger ass een daat schwächste Glidd am Stroosverkéier an dofir ass et emsou méi wichteg fir de Kanner et kloer ze machen dass een hei emmer ganz gudd muss oppassen.
Si léieren fir zu 2-an-2 an enger Rei ze goen, fir beim Zebrastraifen stoe ze bleiwen a gudd ze kucken, fir lanscht d'Strooss emmer um Trottoir ze bleiwen a fir keng Domheeten ze machen.
A wann een der ganzer Sach dann nokuckt da muss een zouginn dass d'Kanner sech immens gudd dru ginn.
» Fotoen