
Sonnepavillon : FAIRTRADE Rallye duerch Beetebuerg
21.06.2021Virun e puer Wochen huet d’ Gemeng Beetebuerg e FAIRTADE Rallye organiséiert. Do hunn mär natierlech direkt wollten drun Deel huelen an hunn eis ugemellt mat 2 Équipen.
Um Beetebuerger Maart kruten d’ Kanner eng Kaart mat Unhaltspunkten zu den gesichten Statiounen. Hei war dann och den Start vum Rallye. Vun hei aus hunn mir eis op den Wee gemaach fir bei déi eenzel Statiounen. Hei konnten mir vill verschidden Plazen vun Beetebuerg gesinn a kennen léieren. Zum Schluss hunn mär dat richtegt Léisungswuert fonnt. FAIRTRADE Schokola, deen mär och direkt geschmaach hunn, war eis Belounung fir deen flotten Rallye. E puer Stauden fir an eisen Sonnenpavillon Gaart kruten mir och nach geschenkt.
» Fotoen