
Al Gemeng : D'Geschicht vun der Margréitchen
04.06.2025D'Martine an d'Aline ware mat de Kanner bei de Bicherkueb an de Park fir hinnen d'Geschicht vun der Margréitchen ze zielen.
An der Geschicht geet et em eng Blummewiss an der all d'Blummen sech streiden ween da lo déi schéinste Blumm ass.
Wéi se bis op d'Iddi komm sinn fir d'Sonn ze froen kruten se eng ganz onerward Äntwert: "Ech fannen iech alleguer ganz schéin mee déi kleng waiss Margréitchen mat hierem gëllenen Härz ass déi allerschéinste Blumm an der Wiss." huet d'Sonn gesoot. Wéi déi kleng Margréitchen dese Luef héieren huet ass si ganz rout ugelaf an dofir sinn all d'Margréidecher och e besse rosa.
Glaichzaiteg hun d'Kanner e puer Blumme gesammelt an dorauser eng wonnerschéin Deko gebastelt déi se hieren Eltere konnte mathuelen.
» Fotoen