passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Al Gemeng : Vu bullis Kanner a rosa Stuppsnuesen

12.04.2024

Ei waat ass daat schéin am Bësch wann et vill gereent huet.



An der Vakanz waren d'Kanner all zesummen op Leideleng an de Bësch.

A well se gudd zur Zait waren hu se um Wee fir an de Bësch spontan beim Bauer lanscht gekuckt a waren den Déieren am Stall bis moie soen. Hei konnten d'Kanner déi kleng Ponyën an d'Geesse fidderen an heemelen. An och d'Fierkelcher hun d'Kanner un d'Lache kritt mat hierem Gequiiks an hiere Stuppsnuesen. Bei den Henger gouf just gegackert an an d'Flillecke geklappt, waat och leschteg war.

No den Déieren gung et dun an de Bësch fir grouss Äscht a Bengelen ze sammelen fir ee Bësch Canapé ze bauen.

D'Kanner hun d'Äscht an d'Bengelen esou am Krees openee geluecht das se dono eng grouss Bänk haten wou se sech all konnten drop setzen.

Eng kleng Paus huet och gudd gedoen éier et endlech mat de Bullisboxen an de Bulli gangen ass bis dass d'Stiwwelen, d'Box an de Puupes voller Bulli waren.

Ei waat war daat ee flotten Ausfluch!




» Fotoen