passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Sonnepavillon : Mir wichtelen mat de Kanner

08.01.2024

D’ Kanner beschenken sech géigesäiteg mat engem Wichtel Kaddo.



Ee vu de Kanner hat déi flott Iddi ënnert den Kanner an Éducateuren ze wichtelen. Ziedelen mat den Nimm vun den Kanner an Erzéier déi matmaachen si gesammelt ginn, fir dass duerno sech jiddereen ee Numm kann zéien. Psscht et dierf net verroden ginn wéi een Numm um Ziedel drop steet, hunn d’ Kanner sech géigesäiteg drun erënnert.

Do war et och schonn Zäit sech Gedanken ze maachen wat een der Persoun oder dem Kand wëll schenken. Déi eenzeg Konditioun war, dass den Kaddo gemoolt oder gebastelt soll ginn. Mir waren gespaant wei eng kreativ a schéi Kaddoen entstoen sollten. Den 20. Dezember hu mir eis alleguer am Kreativ Atelier versammelt an hunn eis vum Zauber iwwerraschen gelooss. Flott Geschenker sinn entstaanen a verschenkt ginn.




» Fotoen