passer au contenu principal passer au menu principal Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Sonnepavillon: Beweegten Tic-Tac-Toe – Spill, Spaass a vill Beweegung!

05.03.2026

Mir hunn mat de Kanner eng ganz speziell Versioun vun Tic-Tac-Toe gespillt – natierlech net um Dësch, mee mat vill Beweegung!



Um Buedem louchen néng Reefer, déi eist grousst Spillfeld gebilt hunn. D’ Kanner goufen an zwou Gruppen opgedeelt: eng Grupp mat Gileten an déi aner mat Seeler. Dunn ass et och scho lassgaangen: d’ Kanner sinn een nom anere gelaf, hunn hiert Material an e Reef geluecht an si séier zeréckgelaf, fir datt dat nächst Kand starte konnt.

Mat vill Energie, Teamgeescht an e bëssen Taktik hunn d’ Gruppe probéiert dräi an enger Rei ze kréien, fir d’ Spill ze gewannen. Dobäi gouf vill gelaacht, ugeféiert an natierlech vill gelaf.

E flott Spill, wou Beweegung, Zesummenaarbecht a Spaass am Mëttelpunkt stoungen. D’ Kanner ware mat vill Begeeschterung dobäi a mir freeën eis schonn op déi nächst Ronn!




» Fotoen