
Al Gemeng : Schëdde, graifen, pëtzen, an daat alles ouni ze sabbelen.
16.01.2023Am Kader vun der non-formaler Bildung an der Maison Relais ass d'Förderung vun der Selbststännegkeet och bei deene Klengste schon ee grousst Thema.
Selwer eens ginn am Alldag ass fir kleng Kanner immens wichteg. Si léieren hier eege Fähegkeete kennen a si stolz op alles waat se ferdeg kréien.
An deem Kontext sollen d'Kanner sech z.B. och esou fréih wéi méiglech selwer beim Buffet zerwéieren. Do ass vill Feinmotorik gefroot an et ass munchmol net esou einfach fir ouni ze sabbelen d'Waasser an d'Glas ze schëdden oder déi kleng Iebsen op den Teller ze kréien.
An engem Spill wou et drems gang ass fir verschidden Übungen ze léieren hun d'Kanner sech gudd amuséiert fir alles esou gudd wéi méiglech hin ze kréien.
» Fotoen