
Reebou-Pavillon: Mir soen Äddi
11.07.2022D ‘Équipe vum Reebou-Pavillon wënscht all deenen Kanner déi de Site fir déi nächst Rentrée wiesselen e gudden Start fir dat neit Schouljoer. Mir wäerten Iech vermëssen.
Fir dëst Thema méi konkret mat de Kanner un ze goen hunn mir am Kader vun engem kreativen Atelier d ‘Nimm vun de Kanner gemoolt an des an eisem Agangsberäich opgehaangen. D’ Nimm vun de Kanner, déi de Site verloossen sinn an der Fënster affichéiert.
Mir fannen et wichteg de Kanner dësen Ofschloss Moment ze erméiglechen fir hinnen ze weisen dass si eis wichteg sinn a mir si wäerten vermëssen.
» Fotoen