
Reebou: Pustebiller mat Schallimoen a Faarwen
26.08.2024Mir hunn mat Schallimoen an Faarwen flott Puste Biller gemeet. Eng Aktivitéit, déi net nëmmen de Kanner hir Fantasie gefuerdert huet, mee och nach richteg vill Spaass gemaach huet.
D'Iddi war simpel: d'Kanner hunn Faarwen op e Blat gesprëtzt, an duerno mat engem Schallimo d'Faarf ronderëm geblosen. Wat doraus entstanen ass, war eng Serie vu spontane, abstrakte Musteren a Formen – all Bild war eenzegaarteg. Dës Technik huet hinnen erlaabt, d'Faarwen op eng onvergiesslech Manéier ze vermëschen an huet hirer Kreativitéit fräi Laf gelooss.
D'Resultat? E klenge Kënschtleratelier voller flotter Biller, déi net nëmmen déi kannerfrëndlech Fantasie weisen, mee och eng lieweg Erënnerung un déi flott Zäit zesummen.
» Fotoen