
Al Gemeng : Mir bauen ee coole Bëschcanapé
28.03.2022D'Spillschoulskanner ware mam Mandy a mam Michelle op Leideleng an de Bësch.
Wéi se do ukomm sinn kruten d'Kanner den Optrag fir ee riisegen Bëschcanapé se bauen. Si hun e puer kleng Beemstämm vum Buedem opgeraaf, lauter riiseg Äscht a Bengelen zesummegesicht, an déi an ee grousse Krees ausgeluecht.
A scho war de Canapé ferdeg.
Dono huet d'Mandy de Kanner de Legekreis gewisen an d'Kanner kruten d'Aufgab fir déi verschidden Déieren ze sortéieren an dee richtegen Numm dobai ze leeën.
» Fotoen