
Al Gemeng : Mini-Science
09.11.2020D'Kanner aus dem Cycle 2.1 hun expérimentéiert an dobai vill geléiert.
1. Experiment:
Fir d'éicht mecht een e besse Waasser op een Teller. Dono muelt een vill Peffer drop. A waat geschitt dann elo mam Peffer wann een eng Dreps Seef drop fale léist?
2. Mir huelen een opgeblosenen Loftball, ee Steck Scotch (daat muss een 5x ganz schnell hannertenee soen fir dass e besser pescht) an eng spatz Nol. A waat muss een elo machen fir dass de Ballon net platzt wann ee mat der Nol drapickt?
3. Experiment:
Een Teller mat e besse Waasser fëllen an an d'Mëtt eng kleng Kerz stellen. Lo muss ee just nach ee Glas driwwer stülpen a kucke waat geschitt. Waat passéiert mat der Flam a waat geschitt mam Waasser?
Vill Spaass beim Ausprobéieren.
» Fotoen