passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Reebou: Eise Projet ''Tier ärgere dich nicht''

02.04.2024

Am Projet vum "Tier ärgere dich nicht", konnten d' Kanner hiert eegent Gesellschaftsspill gestalten.



D’ Kanner hunn hiren eegene Plang gemaach, wei hiert Spill Briet an d’ Figuren sollten ausgesinn. D’ Technik ewéi si se bemole wollten, war hinnen och fräi iwwerlooss. Si hunn als éischt ugefaangen hiert Briet an hier Männercher ze molen an duerno hunn se Deko an d’Figuren fiert Spill Briet gebastelt.

Am Projet ass et dorëms gaangen de Kanner hier kreativ Fäegkeeten ze fërderen an hinnen ze weisen, wei een al Materialien erëm veraarbechte kann. Heibäi huet Zesummenaarbecht och eng grouss Roll gespillt, andeems si sech géigesäiteg och gehollef hunn. Fir de Projet ofzeschléissen, kruten si Reegelen vum Spill erkläert a konnte mat hirem selwer gebastelten Spill mateneen spillen.




» Fotoen