
Reebou: eng flott Kollaboratioun mat Sicona
17.04.2024Am Kader vun der Natur Aktivitéit matt Sicona hu mer eisen dobaussen getraff. Mir haten immens Chance mam Wieder a sinn net naass ginn :-)
Nodeems mer eis all virgestallt hunn si mir zesummen an de Bësch getrëppelt, wou d’ Kanner en Ziedel mat enger klenger Aufgab kruten: si goufen an Gruppen agedeelt a sollten sech op d’ Sich no Blummen a verschiddenen Faarwen maachen. Och aner Natur Materialien koumen als Bastel Material zum Asaz.
No enger flotter Fräispill Zäit bei den Hütten an no engem leckeren Pique-nique konnten d’ Kanner, wann se wollten, Vasen mat Pabeier fëllen an hirem Goût no dekoréieren.
Duerno sinn mer nees zesummen zeréck an de SEA getrëppelt.
» Fotoen