
Reebou-Pavillon: Ofschloss Fest SEA an Schoul vum 14.07.2022
18.07.2022E flott Ofschloss Fest fir d'Kanner an d'Elteren virun der Summer Vakanz
Virun der Summer Vakanz an um Enn vum Schouljoer huet de SEA an d’ Schoul eng flott Ofschloss Woch organiséiert. Am Haff vun der Schoul konnten d ‘Elteren nieft der flotter Talent Show divers Food Trucks schmaachen an e Patt zesummen drénken.
Am Haff vum SEA goufen um Ofschloss Fest divers Animatiounen wéi z.B Pedalo, Summerski, Dousen schéissen an Face Painting Atelier ugebueden. Et goufen Schnittercher, Uebst- an Geméis Brochetten zerwéiert, déi d’ Kanner vum Cycle 3 mueres zesummen mam SEA Personal an Kader vun engem Atelier fir bereet hunn. En vun den Highlights war den Popcorn Stand, deen immens vill Succès hat, genau sou wéi eisen Photo Stand.
Déi ganz Woch iwwer sinn divers Atelieren am SEA ugebueden ginn, wou d ‘Kanner a Begleedung mat hirem Enseignant drun deel geholl hunn. Vun Capoeira, Yoga, bis hin zu kreativen an kulinareschen Atelier’en, mee och Aktivitéiten, déi vun externen Kollaboratioun’ s Partner ugebueden gi sinn war de Choix fir d ‘Kanner grouss.
» Fotoen