
Al Gemeng : Visite am Baueremusée zu Peppeng
29.10.2018Nodeems d'Kanner elo schon e puer mol bei de Bauer op den Haff kucke waren, war et dest Kéier mol un der Rei fir kucken ze goen wéi de Bauer fréier geschafft a geliewt huet.
Soubal mir zu Peppeng am Baueremusée ukomm sinn, kruuten mir eng Visite duerch dee ganze Musée gemaach. D'Kanner ware begeeschtert an erstaunt wéi d'Bauere fréier geschafft a geliewt hunn an doriwwer wéivill sech mat der Zäit geännert huet. No der Visite hu mer all zesummen giess éier mer zreck an den SEA gefuer sinn.
» Fotoen