passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Cycle 1 Vakanzaktivitéiten: 12.08.2020

12.08.2020

Themennomëtteg: Zirkus zu Beetebuerg

Och wann dëst Joer den Zirkus net kann fir Vakanzenaktivitéite bei eis kommen, hunn mir eis iwwerluecht Kanner bëssen an d‘Zirkuswelt ze versetzen. Dozou hunn mir dobaussen ugefaange mat Spiller mam Fallschierm an Dousenwerfen. Dono hunn Kanner Puzzelstécker am Labyrinth gesicht wou herno ee Clown rauskomm ass.
An der Sportshal goufe 4 Statiounen opgeriicht. Ee Balanceparcours, ee Gleichgewichtsparcours, ee Molatelier wou si ee Bild vum Zirkus ausmole konnten an nach ee weidert Spill. Kanner haten ganz vill Freed a Spaass.


» Fotoen