passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Ëm de Bëchel an Reebou: „Deng Stëmm am SEA“ – Kanner soen, wat se sech wënschen!

07.11.2025

Freides, den 07. November, waren d’Kanner aus dem SEA Ëm de Bëchel an dem SEA Reebou op eng speziell Aktivitéit vum MENJE invitéiert, déi ënner dem Titel „Deng Stëmm am SEA“ stattfonnt huet.



D’Zil vum Dag war et, de Kanner eng Stëmm ze ginn an erauszefannen, wat hinnen an hirem SEA wichteg ass. Ier et richteg lassgaangen ass, hu sech d’Kanner mat enger klenger Stärkung gestäerkt – duerno gouf mat vill Engagement op deene verschiddenen Themen-Inselen geschafft. Et goufen am Ganze fënnef Inselen, déi sech all mat engem anere Beräich vum Alldag am SEA beschäftegt hunn: Spillen, Bilschiermzäit, Beweegung, Kreativitéit an Natur erliewen. D’Kanner hunn all dës Inselen besicht, hir Meenung gesot an vill flott Iddien agebruecht. No engem klengen Piknik konnt all Kand selwer entscheeden, op wéi eng Insel et zréckgoe wollt, fir zesumme mam Team vum Kannermusée Plomm nach méi konkret Iddien zu deem Thema auszeaarbechten. Am Nomëtteg kruten dës Iddien du souguer direkt dem Minister Claude Meisch presentéiert – e ganz speziellen a stolze Moment fir eis Kanner! Zum Schluss krut all Kand nach e klenge Cadeau als Erënnerung un dësen interessanten an erfollegräichen Dag. Eng gelongen Aktivitéit, bei där d’Kanner mat vill Freed, Engagement an Iddieräichtum gewisen hunn, wéi wichteg et ass, hinnen nozelauschteren an si aktiv an d’Gestaltung vum Alldag am SEA anzebannen.




» Fotoen