passer au contenu principal passer au menu principal Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Cycle 3 Vakanzaktivitéiten 2026

11.08.2026

Entdeckungstour an der Kalborner Millen.



Haut war de Cycle 3 op Entdeckungstour an der Kalborner Millen. Bei de waarmen Temperaturen war den Ausfluch un d’Our net nëmme spannend a léierräich, mee och eng wëllkomm Ofkillung.

D’Kanner hu sech op d’Sich no de klengen Awunner vun der Our gemaach. Mat vill Begeeschterung hu si Insekten, Waasserdéieren a Kriibsen gefaangen an dobäi entdeckt, wat alles am an um Waasser lieft.

Ausserdeem hu si vill Interessantes iwwer déi lëtzebuergesch Muschelen geléiert an d’Millen besicht. E besonneschen Highlight war d’Ënnersichung vun de gesammelte Waasserdéieren ënnert dem Mikroskop. D’Kanner konnten esou nach méi genee kucken, wat si virdrun an der Our entdeckt haten.

Zum Ofschloss vun dësem ofwiesslungsräichen Dag ass de Grupp nach bis bei d’Dräilännereck gewandert, wou de Bus schonn op si gewaart huet.

En erfrëschenden Dag an der Natur mat villen Entdeckungen, neiem Wëssen a flotte gemeinsame Momenter!




» Fotoen