passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Al Gemeng : Op der Sich no den Hierschtfarwen

07.11.2022

Et ass zwar net grad den Indian Summer mee och hei zu Letzebuerg ass de Bësch am Hierscht an all senge Farwen ze bewonneren.



Fir de Kanner ze weisen wéi schéin de Bësch am Hierscht ka sinn huet de Précoce/Spillschoulsgrupp vun engem fraien Nomette profitéiert fir eraus ze goen.

Um Programm stungen eng Rei Spiller ronderem d'Farwen aus dem Bësch. Wann ee soss éichter just d'Farwen Greng a Brong mam Bësch verbënnt sou reechen se am Hierscht vu Brong, iwwer Rout, Orange, Giel, Greng, asw.

D'Kanner hu flaisseg Blieder gesammelt an déi dun op ee Plakat gepescht fir ze kucken wéivill verschidden Nuancen et vun deene verschiddene Farwe ginn.

Dono konnten si nach am Bësch spillen an hin an hier rennen a klooteren.

Et war ee flotten Nometten deen och gudd midd gemach huet.




» Fotoen