passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Al Gemeng : Salzdeeg - eng flott Aktivitéit

25.11.2019

 Mat Salzdeeg schaffen ass fir déi kleng Kanner aus dem Précoce eng flott Erfahrung.

Waat kann een aus Miel, Salz a Waasser maachen?
Jo, genau, Salzdeeg.
An daat hun d'Précocekanner aus dem SEA Al Gemeng dun ausprobéiert. Fir de Salzdeeg farweg ze kréien, konnten si sech eng Liewensmëttelfarw aussichen. Nodeems si hieren Deeg gudd mat de Fanger getriwwelt a gekniet haten, ass en ausgerullt ginn.
Fir Formen an den Deeg ze kréien hun eis Ausstiechformen gehollef.
Fir de Salzdeeg ze "baken" gëtt en einfach e puer Stonnen an der Loft dreschene gelooss a ferdeg ass et.
An dann nach ee klengt Lach dra maachen an eng Ficelle drun a schon hate mer eng flott Deko fir de Chrëschtbeemchen.


» Fotoen