passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Al Gemeng: Backe, backe, Mini-Croissant

11.12.2024

Mini Hänn bake Mini Croissant'en.



Wa Baken einfach ass si Kanner emmer deck begeeschtert.

Des Kéier goufen et mat Schokela gefëllt Croissant'en. an dofir hun d'Kanner dee ferdege Blierdeg ausgerullt a mat der Pizzarull hu se Draiecker rausgeschnidden.

All Draieck krut ee Flapp Schokela op de Puupes an dono ass mat vill Konzentratioun den Deg mam Schokel zesumme gerullt ginn.

Lo nach e bessen Eegiel mam Pinsel driwwer gestrach an da kennt dee klenge Croissant mat all senge Kollegen och schon an de Schäffchen.

Wann d'Gebäck bis am Schäffchen ass kennt ob d'Kanner déi schwieregst Aufgab duer; si mussen sech nämlech gedëllegen. An daat ass wirklech schwéier.

Well duerch d'Fenster vum Schäffchen gesinn si den Deg opgoen an e gëtt och emmer méi gëlle brong. Aus deem enge Croissant leeft genësslech dee warme Schokela op de Bakpabeier an déi warm Loft déi sech an der Kiche verbreed richt esou gudd dass de Kanner d'Waasser am Mond zesummeleeft.

Endlech schellt et an d'Croisant'en si ferdeg gebak. Séier eraus mat hinnen aus der Croissantsauna fir dass se sou séier wéi méiglech ofkille kënnen.

A well et esou schéin ass kruten se och nach ee klenge Flom Pudderzocker iwwert de Kapp gestreet.

Mat Stolz a vill Freed hu sech d'Kanner dono hier selwergemachen Schneekereien schmache geloos.




» Fotoen