
Sportshal: D’Juegd no neie Spillsaachen.
12.10.2023Fir dat neit Schouljoer hu mir fonkelnei Spillsaache kritt. Fir dass ganzt méi spannend ze maachen ass d’ Iddi entstanen eng "Schnitzeljagt" ze organiséieren, domat d‘Kanner op spilleresch Aart a Weis, no den neie Spillsaache siche kennen.
Am viraus sinn Ziedelcher gemaach gi mat Angaben/Beschreiwunge wou sech déi jeeweileg Spillsaach am Gebai verstoppt. D ‘Kanner zéien den Equippen no een Ziedelchen, liesen deen haart fir a mussen dann zesummen iwwerleeën an eraus fanne wei ee Raum gemengt ass. Dëst ass de Kanner net schwéier gefall an di Grouss hunn deene Klenge gehollef. Mat vill Freed sinn se op d’Sicht no de Spillsaache gaangen an hunn se och schnell fonnt. Se haten enorm Freed um sichen an hu mat Begeeschterung alles direkt ausprobéiert.
» Fotoen