
Al Gemeng : Besuch am Science Center zu Déifferdeng
10.09.2018www.science-center.lu
Eng flott Adress fir an déi intressant a faszinant Welt vun der Wëssenschaft luussen ze goen.
Den 2. August si mir mat de Kanner aus dem Cycle 3.2-4.2 op Déifferdeng an de Science Center gefuer.
Hei kruten si d'Méiglechkeet fir op 60 eenzelne Statioune mat Hëllef vu verschiddenen Experimenter hiert Fuerschertalent ënner Beweis ze stellen an hiert Wëssen ze testen.
Vill Erstaunleches a Wëssenswertes hu si hei op eng flott a spilleresch Art a Weis konnten ausprobéieren a bäiléieren.
Et war bestëmmt net fir d'lescht dass mer an de Science Center ware, well mir hunn nach lang net alles gesinn an d'Kanner sinn op de Geschmaach komm fir méi Neies aus der Welt vun der Technik gewuer ze ginn.
» Fotoen