
Al Gemeng : Pimp my Hausaufgaberaum
09.04.2025Eisen Hausaufgaberaum vum Cycle 2.1 gouf a leschter Zait e bessen opgemotzt.
Fir dass d'Kanner sech besser kenne konzentréieren während hierer Hausaufgabenzait ass de Raum e bessen ugepasst ginn; d'Dëscher sin e bessen anecht gestallt ginn fir dass méi vun der Dagesluut ka profitéiert ginn. D'Kanner kruten och Material zur Verfügung gestallt wéi den Abakus oder eng slewer gebastelt Info-Scheiw fir dass een net brauch ze ruffen wann een eppes well froen oder soen.
Mir hun och Kopfhörer kaft déi ee kann undoen falls ee Schwieregkeeten huet fir sech ze konzentréieren.
Daat Neitst sin awer eis Flüstertelefonen déi de Kanner sollen hellefen beim "sech selwer virliesen". Mat Waasserleitungsréier aus dem Baucenter hun d'Kanner hieren eegenen Telefon konnte bastelen an mat Skotsch a Biller selwer designen.
» Fotoen