
Sportshal: Gesiichter molen
27.02.2024Eis Kanner hunn immens Freed um Molprojet.
Des Woch kruten se erkläert wie Gesiichter gezeechent ginn. Se krute gewise wei e mat Hëllefslinnen d’Proportiounen hikrit a wei en am beschten ufänkt. Sou si vill ënnerschiddlech Gesiichter entstanen an d‘Kanner waren immens konzentréiert. Wie en op de Fotoe ka gesinn hunn se sech gutt druginn an se hunn hier Portraite stolz mat heem geholl.
» Fotoen