
Al Gemeng : Ee Besuch um Kass-Haff
08.10.2018D'Kanner haaten ee flotten Dag um Bauerenhaff vum Bauer Tom zu Rolleng.
Vollgepakt mat Kanner sin d'Mini-Bussen vum SEA Beetebuerg Richtung Rolleng gerullt wou si vum Bauer Tom ob sengem Haff begréisst goufen.
Moies hu si zesumme mam Bauer d'Déier gefiddert an sin dunn nach Eeër bei d'Henger rafe gaangen. Mëttes huet de Bauer Tom fir d'Kanner Wuppe gegrillt an dobäi gouf et gudden Äppel Viiz ze drenken.
Nom Mëttegiessen stung Trankterfueren um Programm an et gung direkt an de Bësch wou d'Kanner konnten an enger klenger Baach spillen a Gesiichter mat Leem un d'Bäm moolen.
Et war ee flotten Dag mat lauter coolen Erliewnisser.
» Fotoen