passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Al Gemeng : Op Besuch beim Bella vu Leideleng

28.02.2022

An der Fuesvakanz war d'Martine mat de Kanner op Leideleng op Bio-Bauerenhaff Van Dyck.

Zur grousser Freed vun de Kanner war d'Källefchen Bella grad just an der Nuecht virdrun op d'Welt komm an huet sech daaper dru ginn fir op de Been stoen ze bleiwen. Mat grousser Begeeschterung hun d'Kanner dee klenge Butz bestaunt. D'Bella sengersaits huet och deementsprechend verdutzt aus der Wäsch gekuckt wéi abeemol déi ganz Hickecht Kanner bei him a bei senge Geschwëster am Stall stung fir hatt ze heemelen, ze triwwelen an ze kämmen. 
D'Begeeschterung war riiseg wéi de Bauer hinnen all erlabt huet fir am Stall bei d'Déieren eran ze goen.
Si konnten alleguer bei d'Schwain an de Stall fir si ze fidderen a bei d'Schof an och bei t'Henger. Hei konnten se och e puer Eer rafen fir mat Heem ze huelen. Och Kannengecher konnten d'Kanner op den Arm huelen an heemelen an triwwelen.
Dono kruten d'Kanner alleguer ee Glas mat gudder frëscher Mëllech ugebueden waat si genësslech gedronk hun. No enger klenger Stärkung mat enger Banane kruten d'Kéi och mol nach z'iessen. 
Zum Schluss hu si nach d'Ketti an de Metti kennegeléiert, 2 Mierschwengecher mat deene si dunn zesummen mam Schof Knetzel duerch d'Duerf spadséiere waren. 
Och op dee groussen Trakter hun si dierfte klammen. 
Ech mengen dass d'Kanner deen Dag gudd geschlof hun. 
(An d'Martine bestemmt och.)


» Fotoen