passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Sportshal: FIRST Lego Ligue

14.02.2025

Mer hunn un der Lego Lique Challenge deelgeholl a hu eis fir d’Final qualifizeiert. Dese Concour leeft an 110 Länner op der Welt, zu Lëtzebuerg hunn am ganzen 66 Equippe mat ëm déi 700 Kanner tescht 9 a 16 Joer, deelgeholl. Organiséiert gëtt de Concours am Grand-Duché vum SCRIPT.



Wéi den Numm verréit, huet e vun de gréisste Spillsaacheproduzenten an eng grouss ONG dëse Concours an d’Liewe geruffm fir Kanner a Jugendlecher fir Wëssenschaft an Technologie ze begeeschteren.

Vun Oktober bis Februar hu mer mer zusummen mat der Schoul un desem flotte Projet geschafft.Sie hu missten ee Roboter no de Virgaben vum Spill entspriechend designen a bauen. Uschleissend konnten d’Kanner hir Programméierfäegkeeten entwécklelen, wärenddeems si mat hirem Roboter um Spillfeld probéiert hunn, déi eenzel Missiounen ze erleedegen.

Um Dag vum Concours huet all Equipe beim „Robot Game“ dräi Matcher vun all Kéiers zwou an enger halwer Minutt bestridden a probeiert sou vill Missiounen ewéi méiglech ze meeschteren fir Punkten ze erspillen.

Mer si stolz dass eis Kanner bei der Presentatioun vu hierem Projet die eicht Plaatz gemaach hunn an sech als eng vu drei Equippe fir déi grouss national Final de 27 Abrell an der Luxexpo qualifizeiert hunn.




» Fotoen